André "MCKitkat" Marques
banner
mckitkat.bsky.social
André "MCKitkat" Marques
@mckitkat.bsky.social
Co-Spokesperson @dei-lenk.bsky.social | Historian | Gamer (he/him) | Multilingual (🇺🇸/🇬🇧,🇩🇪,🇫🇷,🇱🇺,🇵🇹)
A fir déi déi dat ze verantworten hunn: Ech wënschen äerch de Blödsinn all Dag mussen duerchzeliewen fir ze realiséieren wat en absoluten Schäissdreck dat alles ass. Multi-Modal Mobilitéit my ass...
September 15, 2025 at 6:16 AM
Firwat gouf un keng Ënnerféierung fir Foussgänger geduecht fir vun enger Sait op déi aner ze kommen? Plaz ass dach genuch do, an dat wier fir Foussgänger méi schnell, secher a praktesch wéi déi dämlech Rout Luuchten.

Bei der Mobilitéit wier et ubruecht un jiddereen ze denken a net just un den Auto!
September 15, 2025 at 6:16 AM
Soss kréie si hiren Uschloss mam Tram net. Déi Ampelfeierung dauert esou onmässeg laang, déi Standard-Zait fir Ëmzeklammen op Mobilitéit.lu ka net agehale ginn. Ouni och nach op den Blödsinn vun der rieseger Kräizung anzegoe déi a Spetzestonne einfach just zu Chaos féiert mat Autoen déi blockéieren.
September 15, 2025 at 6:16 AM
Dat huet awer näischt mat Gerechtegkeet ze dinn. An d'Fuerderunge vum méi laang schaffen kommen vum Patronat, an net vun de Gewerkschaften. Eng Fuerderung déi haaptsächlech Jonker wäert betreffen!

An net ze vergiessen: Wien wollt Studiejoren komplett sträichen? D'Patronat!

Loost Jugend a Rou!
September 4, 2025 at 12:51 PM
Dat wat um Dësch läit ass och absolut géint Jugend geriicht. Mir sinn der Regierung Schäiss egal. Idem all déi mat enger Mindestpensioun.

Wien awer net egal ass, dat sinn déi aarm Räicher déi elo nach ë puer méi Steiersuen zegutt kréien. Si kréien hiren Mond jo net schonn voll genuch...
September 3, 2025 at 5:16 PM
Gouf et massiv Abréch an der Produktioun? Nee, d'Liewen ass gréisstendeels weidergelaf an och wirtschaftlech gouf et keen gréisseren Impakt. Dat ännert awer sécherlech näischt un der Symbolik vun de Streikaktiounen als Zeechen géint d'Zwangsrekrutéierung.
August 30, 2025 at 1:37 PM
Dorënner natierlech och ë puer Feeler, wéi den Tract mat falschem Datum deen an der Belsch gedréckt gouf.

Dat bedeit awer net, dass déi ganz Bevëlkerung dovunner wosst, am Géigendeel. Et ass de Momentum deen gespillt huet fir dass op den verschiddensten Plazen an Deeg gestreikt gouf.
August 30, 2025 at 1:31 PM
D'Annonce vun der Wehrpflicht war virauszegesinn, vue dass och am Elsass an an der Lorraine ähnlech Annonce gemaach goufen. Et war also eng Fro vun der Zait wéini den Gauleiter dat och fir Lëtzebuerg géif annoncéieren.

Et gouf also am virraus schonn verschidden Virbereedungen.
August 30, 2025 at 1:31 PM
Wat kengem wäert hëllefen sinn Dausenden vun Jonker déi absolut null Bock hunn um Härebierg ze sëtzen (souwisou keng Plaz) wärend aner sech e schéint Liewen maachen.

Firwat muss d'Aarbechter- an d'Mettelklass sacrificer maachen, mee Raicher a Groussbetrieber net???
August 27, 2025 at 4:12 PM
Déi aktuell Politik vun Sozialofbau an Militariséierung wäert just méi a méi Jonker radikaliséieren, an dat leider an déi Extrem Riets Richtung.

Ass Verdeedegung wichteg? Jo, mee dat bedeit och eis Energie, eis Liewen, eis Natur, eise Gesondheetssystem ze schützen. Mir brauchen Hoffnung.
August 27, 2025 at 4:10 PM
18-Jähregen soll sech zur Waff mellen fir dono bis zum Hals ënner Waasser ze stoen, déi 600. Hëtzwell duerchzeliewen, sech ze doud schaffen fir sech knapps e Kartong ze leeschten fir dran ze wunnen, mat 80 dann eventuell an Pensioun mat 2 Cent wann en bis dohinner net un der Klimakrise verreckt ass
August 27, 2025 at 4:07 PM
An jo, ech schwätzen hei vun de Gréngen. Ech géif soen, ech hätt mir besseres erwaard mee dat wier gelunn.

"Wer hat uns verraten? Die Sozialdemokraten! Wer war mit dabei? Die grüne Partei!"
August 1, 2025 at 11:24 AM