André "MCKitkat" Marques
banner
mckitkat.bsky.social
André "MCKitkat" Marques
@mckitkat.bsky.social
Co-Spokesperson @dei-lenk.bsky.social | Historian | Gamer (he/him) | Multilingual (🇺🇸/🇬🇧,🇩🇪,🇫🇷,🇱🇺,🇵🇹)
De Macron wëll also dass den RN gewënnt, anescht kann een déi Re-Nominatioun net verstoen.

Hien huet den Iwwerbléck komplett verluer, keen Wonner wann een de ganzen Zaiten am Elfenbeinturm sëtzt.
October 10, 2025 at 10:05 PM
500 Dausend Euro zu Diddeleng an d'Stad Lëtzebuerg traut sech mol net ze soen wéi vill den Hang-Over-To-Willy den Gemengen kaschten wäert.

Et soll ni méi een soen, dass mir fir A oder B keng Suen hunn. Dat ass komplette Blödsinn. De Frick ass do, just de politesche Wëllen deen feelt.
September 29, 2025 at 2:09 PM
Zum Presseclub vum 21. September:

Jo et gett Proposen fir den Pensiounssystem iwwer 30 Joer ze secheren, op Pensiounen.lu ;)

An jo, dat ass och gerecht vis-à-vis vun de Jonke Generatiounen déi sech dann fir eng laang Zait keng Gedanken musse maachen an dann kënne mir un de Logement goen ;)
Pensiouns rechner.
Pensiounen.lu
September 26, 2025 at 2:03 PM
Vue dass ech a Verspéidung sinn, e klengen Rant iwwert d'Meeschterleeschtung vum Urban Planning beim Stadion:

Wat ass dat fir en absoluten Quatsch deen déi opgebaut gouf. Nee mee elo seriö. Rout Luuchten fir Foussgänger brauchen esou laang, dass Leit léiwer iwwert d'Strooss laafen (4 Spuren).
September 15, 2025 at 6:16 AM
Esou vill zum Consultatiounsprozess. Anscheinend war dach schonn alles ganz laang kloer, just dass de Ministère bewosst näischt wollt soen. An da koumen déi Annonce déi DP/CSV Fraktioun iwwerrascht hunn, a dunn all déi "Stoussrichtunge".

Veraarsche kann ech mech selwer..

www.rtl.lu/news/nationa...
September 4, 2025 at 6:13 PM
Laut Michel Reckinger wier d'Patronat déi eenzeg, déi sech fir Jonker agesaat hunn. Wëll si den Décken eppes ewechhuelen wollten fir de kléngen ze ginn. Just blöd net ze erwähnen, dass d'Patronat eigentlech alleguerten eppes ewechhuelen wollt. Jiddereen 5 Kamellen manner, mee ganz ënnen 1 dobäi.
September 4, 2025 at 12:51 PM
Reposted by André "MCKitkat" Marques
Den Ofschloss vun de Sozialronne weist, dass dës Regierung pur Ideologie bedreiwt.

D'Altersoarmut wäert klammen, d'Grousspatronat profitéieren a kleng Commerce leiden.

Eng kuerz a knapp 1. Reaktioun: 👇
September 3, 2025 at 5:14 PM
Bon, dat war dann en Echec an d'Regierung weist sech onfäheg eng Léisung ze fannen an gëtt einfach op???

Dat haut war weder Revolutioun, nach Evolutioun. Et ass eng Kapitulatioun virun der Aarbecht déi eng Regierung misst maachen. Des Regierung ass net capabel dëst Land no vir ze bréngen...
September 3, 2025 at 5:15 PM
Dësen Weekend ass e wichtegen an der Erënnerung vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg. Et ass awer emsou méi wichteg, net op falsch Informatiounen an Mythen eranzefaalen. Dat hunn dei Deeg an dat hunn déi vill Affer net verdéngt.
August 30, 2025 at 1:26 PM
Mat all de Problemer mat deenen d'Jugend konfrontéiert gëtt, ass eng Aféierung vun enger Wehrpflicht, egal a wat fir enger Form, e weidert Zeechen, dass der Politik d'Jugend absolut schäiss egal ass.

Jonker sollen dann elo enthusiastesch kämpfen fir en System ze erhalen, deen se schäissen deet...
August 27, 2025 at 4:04 PM
Ënnerwee op Wolz mam Bus, dat bedeit Sight-Seeing duerch den Éislek. Gesäit ganz schéin ass, mee war dir schonn am Minett?

(Fun Fro, vue dass souwisou kaum ëffentlechen Transport am Éislek fiert, do kënnt een knapps an d'nächst Duerf geschweige denn an den Minett)
August 9, 2025 at 2:06 PM
Op d'Klimakris opmierksam maachen an deem een AI-Konscht benotzt, ass déi wuel klimaschiedlechst an kënschtleronfrëndlech Aart a Weis fir et ze maachen

What the actual fuck guys...
August 1, 2025 at 11:17 AM
Ech soot et virun 15 Deeg, an elo huet d'EU eben dat bewisen. Absolut keen Reckgrat. Stattdessen ginn mir den USA nach méi Frick.

Dat sinn eis wonnerschéi Wäerter an eis wonnerschéin Softpower. Déi aktuell EU Kommissioun schafft méi fir d'USA wéi fir d'EU. Méi fir d'Kapital wéi fir de Mënsch...
US Strong Man Politik déi just fonktionnéiert wëll d'EU keen Réckgrat huet. Et ass erbärmlech!

Si falen alleguerten op hir Knéien fir dem Trump ze huldëgen, obwuel hien sech wéi e Bully opféiert. 5% Nato-Budget, Ausnam bei der Bestéierung vun Multinationalen, elo erëm Tariffer. Si kréien alles!
July 28, 2025 at 12:07 PM
Ech hunn sait läschtem Joer en extrem kritesche Bléck zur RIAL an hirem Antisemitismus-Rapport nodeem do ganz vill faktuell Feeler dran waren. Gekoppelt mat der ganzer Intransparenz vun der Organisatioun an der onseriösitéit vum Rapport muss onbedéngt eng Institutioun de Roll iwwerhuelen.
July 24, 2025 at 2:03 PM
Reposted by André "MCKitkat" Marques
D'LSAP Diddeleng, ënnert dem President vun der nationaler LSAP, stëmmt géint (!) eng Motioun, fir eng Partnerschaft mat enger palästinensescher Stad anzegoen. Dat wier e stoarkt Symbol vu Solidaritéit gewierscht an hätt kënnen e konkreten Impakt hunn.
Dont acte!
July 18, 2025 at 9:35 AM
US Strong Man Politik déi just fonktionnéiert wëll d'EU keen Réckgrat huet. Et ass erbärmlech!

Si falen alleguerten op hir Knéien fir dem Trump ze huldëgen, obwuel hien sech wéi e Bully opféiert. 5% Nato-Budget, Ausnam bei der Bestéierung vun Multinationalen, elo erëm Tariffer. Si kréien alles!
July 12, 2025 at 7:07 PM
Den Paradox, dass mir riskéieren Baueren ze bestrofen wann mir eisen Handelskontor zu Tel Aviv zoumaachen mee den Mercosur ze ënnerschreiwen ass fir Baueren dann vun riesen Virdeel.

Komesch komesch
July 10, 2025 at 3:28 PM
Fraënequippen vun Spuenien an England einfach komplett aneren Niveau am Verglach zu den aneren Equippen.
July 9, 2025 at 5:45 PM
DP muss en Kalenner fir d'Pensiounsreform hunn: All Dag kréien mir eng nei Stoussrichtung geliwwert.

Komm mir fänken déi ganz Debatt vun fir un, momentan ass dat éischter e schlechte Witz wéi iergendeng seriö Handhab vum Thema.
July 7, 2025 at 1:10 PM
D'Patronat wëll also, dass mir alleguerten sollen Sonndes schaffen goen. Dat ass och iergendwann keng Majoratioun méi néideg. Dat ass ë massiven Ugrëff op Sozial Aqcuisen an op eis Fräizäit.

Wéi wier et stattdessen mat enger 32 Stonnen Woch? Am Plaz eis alleguerten schäissen ze doen??
June 26, 2025 at 2:04 PM
Papa Patronat, kënnen mir a Frankräich stoebleiwen an den LFI mat Heem huelen?

Papa Patronat: Nee, mir hunn LFI doheem.

LFI doheem:
June 25, 2025 at 11:10 AM
De Reckinger héiert sech un wéi e Mann am Bunker abseits vun der Realitéit:

Den OGBL ass d'France Insoumise an d'CGT an och nach vun Echsenmënschen besaat an ech ginn mam Luc bis op den Ënn an de Bësch spazeieren!1!1!1

Komplett delulu...

www.rtl.lu/radio/invite...
Invité vun der Redaktioun (25. Juni) - Michel Reckinger: "D'Leit sollen e Samschdeg net op d'Maniff goen"
E Mëttwoch de Moie waren ënner anerem déi grouss Protest-Maniffen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
www.rtl.lu
June 25, 2025 at 10:38 AM
Witzeg dass Analysten soen, dass eng Sperrung vun Hormuz onwahrscheinlech ass, vue dass do e riesegem Rateschwanz drunhänkt, mee dass den Iran mat enger Atombomm Israel géif auslöschen, obwuel do och en riesegen Rateschwanz drunhänkt, dat ass dann 100% secher oder wat???
June 23, 2025 at 12:35 PM
Ech sinn erstaunt wéi vill Geschäftsleit hieren Mond opdinn fir der Welt ze weisen wat si vun hiren Aarbechter an den Aarbechtskonditiounen halen.
June 20, 2025 at 11:44 AM
Minetter Bouf deen eigentlech op Ettelbréck wollt an zu Miersch erausgeklommen ass.
June 19, 2025 at 3:22 PM