Yves Steffen
banner
yvessteffen.bsky.social
Yves Steffen
@yvessteffen.bsky.social
Gemengerot @Diddeleng 🌻
CEX @déi gréng 🦊
Aktivist @VëloDiddeleng 🚲
Haut war Gemengerot:

🚳Eis Motioun zu Cargobikes ass just vun der LSAP net gestëmmt ginn. An eisen Aae feelt hei de fil rouge vun der Transitioun an e verkéiersberouegt Diddeleng.
September 29, 2025 at 2:37 PM
Haut war Gemengerot:
☀️ Eis Motioun fir Photovoltaikanlagen op Balcone kënnen z’installéieren, gouf just vun der absolutter Majoritéit net ugeholl. D’Diskussioune wäerten allerdéngs an der Ëmweltkommissioun weider gefouert ginn.
July 18, 2025 at 12:20 PM
📝Haut am Gemengerot
🏘️ beim Urbanismus hu mär engersäits punktuell Ännerunge vun den ëffentlechen Infrastrukturen esou wéi d’convention d’exécution vum PAP Centre - NeiSchmelz an anerersäits Upassunge vu PAG a Bautereglement matgestëmmt, déi nei Wunnforme wéi Tiny Houses zu Diddeleng erméiglechen
1/2
June 13, 2025 at 6:04 PM
Merci @luxemburger_wort an @mike.stebens fir de Portrait zu mengem Gebrauch vum Velo als Fortbewegungsmëttel 😊🗞️

🔗 www.wort.lu/luxemburg/su...

📸 ©️ @luxemburger_wort / Chris Karaba

#mvos #mvos365 #commuter #cycling
June 12, 2025 at 7:53 PM
✅ Den Owend hu mär am Gemengerot déi provisoresch Schoulorganisatioun 25/26 gestëmmt.

🏫📚An eiser Stellungnam hu mär allen Acteuren e grousse Merci ausgeschwat, fir hiren Engagement.

1/2
June 2, 2025 at 8:23 PM
De Moien fréi den éischten Exemplaire beim Narmina nach viru Ladenöffnung kaf 🤩
➡️ ab haut ze hunn bei der Librairie Diderich an der Librairie Ernster
May 23, 2025 at 11:27 AM
🗞️ Haut am Tageblatt:
✅ den Historique vun eiser Motioun fir den Interrail Ticket 🚂🌻
✅ e Recap zur Motioun zur 3. Sportsstonn wou ofgeännert unanime gestëmmt ginn ass 🤸‍♂️🏀

➡️ www.tageblatt.lu/headlines/ge...
April 1, 2025 at 4:50 AM
Haut war Gemengerot
🌆 Mam Stëmme vum Taxereglement ka geschwë jiddereen sech d’Diddelenger Skyline fir 30€ Doheem un d’Mauer hänken
🏀Eis Motioun zum Schoulsport gouf, modifiéiert, unanime ugeholl.D‘Gemeng hëlt domat de Schoulsport, wéi en am Plan d’Etudes definéiert ass, an seng Schoulorga op (1/2)
March 31, 2025 at 11:17 AM
Haut war en informelle Gemengerot 🤓

➡️ Präsentatioun vun de Statistiken an de Resultater zum Sondage am Kader vum Gemengepakt „zesumme liewen“ wou d‘Diddelenger Gemeng Deel hëlt. 📝
➡️ Interessant a konstruktiv Gespréicher fir d‘Bierger weider an d‘interkulturellt Zesummeliewen anzebannen. 🤝
March 11, 2025 at 9:38 PM
🏛️ Haut war Gemengerot:

•⁠ ⁠🚲🚶‍♂️‍➡️Mär freeën eis op de Shared Space, deen ab dem 1. Abrëll nees Mëttes an Owes autofräi wäert sinn
•⁠ ⁠⚽️ Den F91 kritt eng nei Tribün.
•⁠ ⁠💰Zum Plan Pluriannuel Financier hu mär eis Vue mat abruecht.
•⁠ ⁠🏡 De neie PAP Ribeschpontergriecht hu mär matgestëmmt.
1/2
February 14, 2025 at 9:27 PM
Januar… knapps 0 Grad a voll Velostänneren 🤩 #bikecity #diddeleng
January 11, 2025 at 1:59 PM