tatta-tom.bsky.social
@tatta-tom.bsky.social
Gëschter op de Walfer Bicherdeeg hunn ech mat iech gelaacht, geléiert a vill Zauber gedeelt. 📚✨D’Liesung an den Atelier hu mech drun erënnert, wéi vill Häerz an esou Momenter stécht. Merci RTL fir d’Foto © RTL an e grousse Merci un den @Tom fir d’Virbereedung an d’Ënnerstëtzung Hanner de Kulissen.
November 17, 2025 at 8:54 AM
💖✨ Ech pake meng Wallis fir d’Walfer Bicherdeeg… mat Geschichten, Fantasie an engem klenge Stéck Zauber am Gepäck.

De Sonnde gesi mir eis fir d'Liesung an de Button-Atelier am Centre Prince Henri.
Villäicht fënns du och e bësse Magie fir däin Alldag. 🌈✨

#TattaTom #WalferBicherdeeg #GlitzerfirdSeel
November 15, 2025 at 3:35 PM
💖✨ Heiansdo brauch et keng grouss Zauberspréch oder Glitzerstuerm.
Heiansdo sinn et déi kleng Momenter, déi d’Häerz wiermen, eng Taass Téi, e Laachen, e Lidd aus der Kandheet. 🌈☕

#TattaTom #GlitzerfirdSeel #MagieAmAlldag
October 16, 2025 at 5:35 AM
💖✨ Den Internationalen Dag vum Coming Out erënnert mech drun, wéi schéin et ass, einfach ze sinn, ouni Mask, ouni Angscht, ouni sech ze verstoppen. 🌈

Dat richtegt Glënneren kënnt ëmmer vu banne. 💫

#TattaTom #ComingOutDay #Diversitéit #GlitzerfirdSeel #Courage
October 11, 2025 at 10:00 AM
💖✨ Och d’Häerz brauch heiansdo e bësse Glitzer, fir ze heelen. Den Internationalen Dag vun der mentaler Gesondheet erënnert drun, wéi wichteg et ass, op seng eege Séil opzepassen. 🌈

Net vergiessen: du bass net eleng. ☕💫

#TattaTom #MentalHealthAwareness #GlitzerfirdSeel
October 10, 2025 at 8:35 AM
🌈✨ Et war ewéi e Märchen, esou vill Léift, esou vill Faarwen, esou vill Mënschen déi zesumme gefeiert hunn.
Ech sinn nach ëmmer e bësse vun de Gefiller iwwerwältegt, mee och dankbar. 💖
Och a Geschichtsbicher soll Plaz fir Glitzer sinn. 👑✨

#TattaTom #Diversitéit #BréckeBauen #Glitzer #Trounwiessel
October 7, 2025 at 5:42 AM
👑🇱🇺 Haut schreift Lëtzebuerg Geschicht: den Troun wiesselt.
Ech kucken d’Zeremonie – a bitzen un de klenge Klimmbimm fir mäi Kostüm. 🧵✨
Klenge Fuedem, grousse Glanz. 🌈
October 3, 2025 at 8:43 AM
🌟 Erënnerung un meng Liesung op der LiteraTour zu Beetebuerg:
📖✨ Kanner mat grousse Aen, Erwuessener déi sech op d’Geschicht agelooss hunn – eng Welt wou jidderee seng Plaz huet. 🌈💖

👉 Wat ass déi läscht Geschicht, déi dir am Häerz bliwwen ass?
📸 © Marc Lazzarini
September 30, 2025 at 5:47 AM
📖✨ Am Mäerz war ech an der Ackerbauschoul a konnt mat Jugendlechen iwwert LGBTIQ+ schwätzen. Net ëmmer derselwechter Meenung, mee ëmmer respektvoll. 🌈💖 Esou geet Zesummeliewen!
👉 Wat ass deng léifste Kandheetsgeschicht?
September 27, 2025 at 7:30 AM
🌟 Ech sinn och nees op Facebook & Instagram mat menger Fanpage!
👉 Falls du nach net dobäi bass: Komm laanscht a folleg mir fir nach méi Glitzer & Geschichten ✨
D‘Séraphine ass och need do!
September 26, 2025 at 9:30 AM
🌟 Mäi Kostüm ass scho fäerdeg, mee et feelt nach Klimmbimm! 👉 Wat soll ech dru bitzen?
🍬 Tut Kamellen, 🍭 Kamell, ☁️ Wollek, 🧸 Petzi oder 🐻 Gummibärchen?

Deng Meenung zielt! Schreif e Kommentar 💬💖
September 24, 2025 at 6:16 AM
✨ Villes ass geschitt mee d’Magie war an ass ëmmer do! 🌈

🌟 Ech sinn nees op Facebook an Instagram, mat engem Laachen 😄, engem Häerz voller Freed ❤️ a mat villen Iwwerraschungen am Gepäck. 🎁🧳

📖 Loosst eis zesummen nei Kapitelen opschloen an erëm Glitzer ✨ an eisen Alldag zauberen! 🧚♀️💫
September 15, 2025 at 5:30 AM
Mäin éischte Post hei op BlueSky? Wei wier et mat mengem Shop? tattatom.lu/buttek/
February 16, 2025 at 12:40 PM