michelesinner.bsky.social
@michelesinner.bsky.social
… a meng Konklusioun ass, datt d‘Mme Schmit géint den Envoi vu Korrespondenz op Lëtzebuergesch ass.
October 21, 2025 at 3:56 PM
De Kebab Deckel ass highly intruiging!
October 21, 2025 at 3:54 PM
❤️ Merci!
September 25, 2025 at 7:22 PM
Absolut. T‘ass en cours. ; )
May 30, 2025 at 8:44 AM
… et kéint ee nach mentionéieren, datt den Täter gestanen huet. An Appel ass e gaangen, fir manner bestroft ze ginn. Wann ee konstruktiv wëll sinn, misst een iwwerleeën, wéi an engem Land, wou jiddereen jidderee kennt, Afferschutz ka fonktionéieren, ouni datt Abusen a Mëssstän verschwiegen ginn.
May 28, 2025 at 11:54 AM
A wa mer wëllen, datt de Public tëscht Sozialmedien a Journalismus ënnerscheeden kann an der Press soll vertrauen kënnen, da musse mer net zouginn, wa mer Feeler maachen, mee se transparent an oppen korrigéieren.
May 28, 2025 at 11:34 AM
Ma de Comble ass d‘Gisèle Pélicot ze beméien, wéi wann d‘Fra net scho genuch matgemaach hätt. Si huet als erwuesse Persoun decidéiert, hire Prozess ëffentlech ze maachen. Hei geet et ëm e mannerjähregt Affer. Rien à voir. 5/…
May 28, 2025 at 11:32 AM
Et ass och einfach en Iertum ze mengen, wann een alles am Numm vun der Meenungsfräiheet an der Balance géing drécken, géif een eng ausgeglachen Berichterstattung ereechen. Wien dat mécht, ënnerscheed sech ëmmer manner vun de Sozialmedien, wou jiddereen alles däerf posten, ob et stëmmt oder net. 4/…
May 28, 2025 at 11:32 AM
Kontext wier zum Beispill mat Psychiater schwätzen, wat dat bedeit. Mee och well eng vun de wéinegen haarde Linnen am Lëtzebuerger Pressegesetz de Jugendschutz ass. Mir däerfe näischt publizéieren, wat dozou féiert mannerjäreg Affer vun Infractiounen z‘identifizéieren. Dat ass d‘Miesslat. 3/…
May 28, 2025 at 11:27 AM
Well ee natirlech kann Pedophelie a Pedokriminialitéit an der Press thematiséieren, mee dat eppes anescht ass, wéi een Täter an engem lafende Prozess ouni Kontext soueren ze loossen, hien géif ongerecht behandelt. Engem lafende Prozess, wou en nach ëmmer mannerjähregt Affer am Spill ass. 2/…
May 28, 2025 at 11:23 AM
“”
March 21, 2025 at 10:53 AM