MeteoLux
banner
meteolux.bsky.social
MeteoLux
@meteolux.bsky.social
Compte officiel du département météorologique au sein de l’Administration de la navigation aérienne (Ministère de la Mobilité et des Travaux publics).
⚠️🌬️ #vigilanceJaune Den Stuerm #Benjamin weist sech op der aktueller Satellittebildanimatioun mat sengem Kär beim Äermelkanal (👇). Déi stäerksten Wandstéiss vun 70 bis 90 km/h ginn haut zu Lëtzebuerg tëschent 12h00 an 18h00 erwaart. /LM
October 23, 2025 at 8:07 AM
⚠️🌬️ #vigilanceJaune Eng Schauerlinn ass aktuell iwwert dem Norden aktiv, an huet géint 16h00 zu Wolz fir e Wandstouss vun 80 km/h gesuergt. Deemnächst wäert och d'Guttland vun dëser Linn affektéiert ginn. Et gëllt opzepassen! Aktuell Radaranimatioun 👇 /LM
October 4, 2025 at 2:15 PM
⚠️🌬️ #vigilanceJaune Och wann den groussflächegen Reen d'Land deemnächst no Osten verlooss wäert hunn, zéien vu Westen Schaueren op, déi plazeweis Stuermstéiss produzéiere kënnen. Wandspëtzten ëm 70 km/h sinn bis den Owend generell méiglech. Aktuell Radaranimatioun 👇 /LM
October 4, 2025 at 11:26 AM
⚠️🌬️ #vigilanceJaune Déi aktuell Radaranimatioun weist déi kräfteg Schauerlinn, déi un d'Kalfront gebonnen ass, an den Ament iwwert d'Land zitt. Wärend dem Passage vun dëser Linn sinn Wandstéiss vun 60-80 km/h probabel. /LM
October 4, 2025 at 8:35 AM
ℹ️🌦️👑 D'Animatioun weist déi aktuell Previsioun vum Nidderschlag fir en Freideg an Samschdeg vum @ecmwf.int -Modell.

03/10: zäitweis Gefisems, no 18h zitt Reen op.
04/10: ufanks Gefisems an bronkeg, ronderëm Mëtteg kräftege Reen mat der Kalfront, Wandstéiss 50-70 km/h.

/LM
October 2, 2025 at 12:20 PM
⚠️🌧 #vigilanceRouge Den intensiivsten Reen ass elo iwwert dem Osten an Nordosten vum Land aktiv. Dat ganzt Reegebitt wäert sech a Richtung Däitschland verlageren an bis ca. 09h00-10h00 d'Land verlooss hunn. Aktuell Radaranimatioun 👇🏻 /LM
September 9, 2025 at 2:53 AM
⚠️🌧 #vigilanceRouge Aussergewéinlech héich an rekordverdächteg Reequantitéiten goufen schonn plazeweis uechtert d'Land gemooss. Op eiser Statioun um Findel goufen schonn knapp 80 l/m² innerhalb vun den leschten 4 Stonnen enregistréiert! Aktuell Radaranimatioun 👇🏻 /LM
September 8, 2025 at 10:50 PM
⚠️🌧 #vigilanceOrange Déi aktuell Radaranimatioun (och an eiser App ze fannen) weist schonn vill aktiv an lues zéiend Staarkreenzellen iwwert dem Land. Dat Ganzt wäert sech a Richtung Mëtternuecht nach weider verstäerken. /LM
September 8, 2025 at 5:45 PM