François Benoy
banner
fbenoy.bsky.social
François Benoy
@fbenoy.bsky.social
Président de déi gréng & Conseiller communal de la Ville de Luxembourg 🌻💚🌎
DP-Mobilitéitspolitik: D'Ministesch well e Vëlosparking op der Garer Plaz, wéi Haut am Wort ze liesen ass. De Schäfferot net, "d'Stad ass net iwwerzeegt, dass dat de beschte Projet ass", äntwert mir de Mobilitéitsschäffe grad am Gemengerot. 🤦‍♂️
October 20, 2025 at 2:19 PM
Ouverture vum Oekofest: kee Minister do, keen Deputéierten vun der DP/CSV-Majoritéit. Daat ass net just respektlos vis-à-vis vun der Zivilgesellschaft, mee weist och wéi se zum Emweltschutz stinn 🙁🙁
September 21, 2025 at 9:33 AM
Meng urgent Fro un d‘Stater Buergermeeschtesch nom finale Verdikt an der Affaire VdL vs. @zug.lu 👇🏽
Transparenz an Open Data elo !
June 5, 2025 at 12:23 PM
Gréng Friddenspolitik an Zäite vu globaler Bedrohung, dem Stéphanie Empain @deigreng.bsky.social a mäin Artikel aus dem @wort.lu vun Haut ass lo och online👇
www.francoisbenoy.lu/articles/ver...
April 12, 2025 at 9:09 AM
E Méindeg ass Stater Gemengerot: mir hunn eng Motioun mat ganz konkrete Proposen fir méi Verkéierssécherheet a Liewensqualitéit an der Gaasperecherstrooss an 8 Froen aus de Beräicher Mobilitéit, Ëmwelt, Logement, Commerce a Schoul um Ordre du jour. Méi op stad.greng.lu
March 30, 2025 at 12:42 PM
Onse Gemengeconseiller Stephen De Ron ass vum Marc Lies ënnert der Gürtelligne attackéiert ginn. Et ass net déi éischte Kéier, dass den CSV Buergermeeschter sech net am Grëff huet.
Dass d’CSV sech schützend souguer dann hanner hiren Deputé-Maire stellt, wann en anerer bedrot, ass inacceptabel.
March 7, 2025 at 5:53 AM
Après des années de résistance du DP/CSV, notre travail des Verts porte enfin ses fruits : les séances du conseil communal seront traduites et diffusées en direct en français!
C'est une avancée pour impliquer plus de citoyens, mais ce n'est qu'un début. Nous demandons une traduction en anglais!
February 12, 2025 at 11:34 AM
An der Affaire ëm d'CASA a.s.b.l. stellt sech d'Fro iwwert de Rôle vun der Stad Lëtzebuerg, laangjärege Partner vun der Associatioun a Proprietäre vum Gebai. An deem Kontext hu mir gréng folgend urgent Froen un d'Buergermeeschtesch gestallt.
January 10, 2025 at 8:07 AM
E Maulkuerf fir di mat der Stad Lëtzebuerg konventionéiert Acteuren? Nodeems ugangs des Jores eng Journalistin sech vun der Stad an hirer journalistescher Aarbecht ageschränkt gesinn huet, setzt d'DP/CSV Majoritéit lo dëse Passus an d'Konventiounen mat HUT. (1/2)
December 16, 2024 at 5:33 PM
Amplaz Vëlosreseau DP/CSV-Flickenteppech: am Rolléngergronn gëtt tëscht der J-F Bloch an dem Val St. André frësch gema, ma ouni eegen Infrastruktur, well de Vëlo kann jo op der Strooss fueren😭 Dobäi hätt genau daat Stéck gefeelt fir mëttelfristeg de Rolléngergronn, d’Millebaach an Eech ze verbannen.
December 9, 2024 at 7:56 PM
Ons Motioun fir de Projet an der Avenue Marie-Thérèse ze iwwerschaffen ouni un de Park ze goe gouf vun der Stater DP-CSV Majoritéit mam Argument verworf, d'Pläng wäre jo nach net finaliséiert... wa se also amgaange sinn hir Proposen ze iwwerschaffen, si mir jo um gudde Wee ;-)
December 9, 2024 at 7:44 PM
Eng Logementspolitik weiderféieren, déi noweislech näischt bréngt, ausser dass di Räich nach méi räich ginn… 😫
December 7, 2024 at 9:00 AM