Chris Froehling
banner
chrisfroehling.bsky.social
Chris Froehling
@chrisfroehling.bsky.social
Blogger, writer, language coach | blog.chrisfroehling.com |
linktr.ee/chrisfroehling
And this is how Raoul looks like when he orders
January 24, 2026 at 9:36 PM
What The Hell Just Happened?

#ESC2025
May 17, 2025 at 8:00 PM
Zum Schluss dann nach eng lescht Graphik, déi ech iech wierklech net virenthale wëll: Insgesamt waren d‘Befroten optimistesch agestallt, wat d’Zukunft ugeet.

D'Majoritéit ass der Meenung, dass ëmmer méi Lëtzebuergesch benotzt gëtt a fënnt eben net, datt d'Sprooch a Gefor wier.
December 21, 2023 at 10:28 AM
Interessant ass och, dass sech aktuell eng nei Dynamik ënnert de Spriecher manifestéiert. Sou sinn et virun allem déi jonk Generatiounen, déi sech méi Asaz fir d’Lëtzebuerger Sprooch wënschen.
December 21, 2023 at 10:26 AM
Am private Beräich dominéiert d’Eesproochegkeet, woubäi ëmmerhin 24% vun de Befroten zwou Sproochen doheem schwätzen. Dogéint steet d’Eesproochegkeet op der Aarbecht kloer an der Minoritéit. Hei benotzt de gréissten Deel vun de Befrote véier Sproochen, 7% souguer fënnef oder méi.
December 21, 2023 at 10:24 AM
Ech hunn uganks vun dësem Joer eng Erhiewung duerchgefouert, déi sech mat verschidden Aspekter vun der Lëtzebuerger Sproochesituatioun beschäftegt huet. D’Donnéeë bestätegen, wat vill aner (an och wäit méi gescheit) Käpp scho laang festgestallt hunn:
December 21, 2023 at 10:23 AM
Effektiv ass d’Zuel vun deene Leit, déi Lëtzebuergesch als hir Haaptsprooch ugesinn, an deene leschten 10 Joer liicht an d’Luucht gaangen. Am relative Verglach sinn awer virun allem Englesch, Franséisch an „aner“ Sprooche méi staark representéiert wéi nach 2011.
December 21, 2023 at 10:22 AM
„Lëtzebuergesch ëmmer manner!“, heescht et grad aus diverse Kreesser als Reaktioun op d’Resultater vum #RP2021.

Kommt, mir klamme mol vun der „!!!“-Tast erof, maachen eis e Kamillentéi a kontextualiséieren d‘Resultat e bëssen.

E Thread.
December 21, 2023 at 10:20 AM
"Well mer d'Asylrecht seriö huelen, wëlle mer déi Leit uerdentlech bei eis ophuelen", seet de Luc a senger Regierungsdeklaratioun.

... wat de Luc net seet: Et wëll een och DNA-Tester an "all aner ubruecht Methoden" uwenden, fir d'Identitéit an den Alter vu Leit an Nout festzestellen.
November 22, 2023 at 4:30 PM