Lex Delles
banner
lexdelles.bsky.social
Lex Delles
@lexdelles.bsky.social
Compte officiel de Lex Delles, ministre de l’Économie, des PME, de l’Énergie et du Tourisme du Grand-Duché de Luxembourg
Mir haten e wichtegen Austausch mat der Alliance des communes contre l’énergie nucléaire.D’Regierung an d’Gemengen si sech eens, datt d’Atomzentralen no un der Lëtzebuerger Grenz sollen ofgeschalt ginn an datt den Ausbau vun den erneierbaren Energien d’Zukunft vun eiser Energieversuergung duerstellt
November 13, 2025 at 10:13 AM
Wéi mir bauen a liewe verännert sech – mat méi nohaltege Gebaier a smarter Technologie🌱🏗️. D’Konferenz „BIMLUX & Construction durable pour des villes résilientes“ bréngt Nohaltegkeet 🌍 an digital Léisungen 💻 an der Bau- a Stadentwécklung zesummen, fir d’Stied vu muer méi effizient ze gestalten 🏙️.
November 12, 2025 at 3:17 PM
🔆 E Projet phare an der Industrie, wat #Photovoltaik ugeet : Goodyear - zesummen mat Enerdeal - investéiert a 15.000 Solarpanneau’en um Colmer-Bierg.Mat dësem Projet gëtt Colmer-Bierg zu engem richtege Solar-Hotspot a #Goodyear protegéiert sech géint Energiepräisvariatiounen iwwert déi nächst Joren.
November 11, 2025 at 4:26 PM
November 4, 2025 at 11:51 AM
60 Joer Innovatioun made in Luxembourg - Happy Birthday #Gradel !
Zanter 1965 steet d’Entreprise fir Ingenieurskonscht op héchstem Niveau – vu Maschinne fir d’Industrie 🔧🏭 bis zu Léisunge fir de Loft- ✈️ a Raumfaartsecteur 🚀, d’Défense 🛡️ an d’kënschtlech Intelligenz 🤖.
October 28, 2025 at 3:35 PM
Et war mir eng Freed, bei der Aweiung vun der neister #Investitioun vu Grosbusch derbäi ze sinn – enger héichmoderner Gromperen-Schiel-Anlag 🥔, eenzegaarteg an der Groussregioun. Hei kënnen iwwer 10 Tonnen Lëtzebuergesch Gromperen den Dag geschielt a geschnidde ginn.
October 13, 2025 at 8:11 AM
Zesumme mam Finanzminister Gilles Roth hu mir haut de Prêt Compétitivité Pérennité (PCP) lancéiert – eng gezielte finanziell Ënnerstëtzung fir zukunftsorientéiert Investissementer, vun der besonnesch eis PME'en profitéiere kënnen.

🔗Weider Infos: gd.lu/51CxXD
October 2, 2025 at 10:05 AM
Entrevue mam Jeff Bullwinkel a sengem Team vu #Microsoft iwwer de Rôle vun innovativen Technologien am europäesche Kontext, kënschtlech Intelligenz 🤖 an digital Solutioune fir Betriber 💻fir méi Kompetitivitéit.
September 30, 2025 at 2:50 PM
Déi International Energieagentur #IEA ass dës Woch op Besuch zu Lëtzebuerg fir eng detailléiert Analyse vun eiser Energiepolitik ze maachen🔎. Dëse Bléck vu baussen hëlleft eis sënnvoll Verbesserungspunkten z'identifizéieren 🎯 – mir freeën eis schonn op hir konkret Empfeelungen 🔌🔋.
September 22, 2025 at 2:20 PM
Eng weider innovativ Firma, déi eise Space Secteur beräichert: Abléck an d‘Welt vun der Satellittekommunikatioun bei OQ Technology zu Leideleng. D’Firma verbënnt Geräter op der ganzer Welt iwwer Satellitten🛰️📶, och do wou et keen normalen Netzzougang gëtt – z. B. iwwert dem Mier 🌊 oder bei Noutfäll 📡
September 18, 2025 at 8:14 AM
ECHO-WAVE bréngt Wandenergie 🌬️ an Agri-PV ☀️ zesummen, fir zu #Kielen grénge Waasserstoff ze produzéieren – lokal, nohalteg an innovativ. Duerch d’Zesummenaarbecht vu #GPSS a #Soler entsteet eng Zukunftsléisung, déi d’Energietransitioun virundreift 🔋⚡
September 16, 2025 at 1:30 PM
Ronn 70% vun alle medezineschen Decisioune baséieren op Laboanalysen🧪– dat weist, wéi essenziell präzis Analysen am Gesondheetswiese sinn.Op eiser Visitt bei Ketterthill hu mir gesi wéi modern Technologie a mënschlech Kontroll sech ergänzen – fir eng zouverlässeg Diagnos zum Wuel vum Patient.
September 3, 2025 at 2:26 PM
Bei Husky zu Diddeleng, Expert am Design vu Gussformen🔩 fir z.B. PET-Fläschen🍶 a medezinescht Equipement 💉, stinn Digitalisatioun an Nohaltegkeet am Fokus. D‘Zil ass et, PET-Produiten esou ze gestalten, dass se vollstänneg an de Kreeslaf zeréckgefouert kënne ginn♻️ .
August 28, 2025 at 8:27 AM
#Pressekonferenz
Presentatioun vum Bilan 2024 vun den Autorisations d’établissement an 3 Etüden iwwert d’Konsumverhale vun de Residenten a vun den Awunner aus der Groussregioun, souwéi iwwert d’Horeca-Frequentatiounen 🍽️📊. Weider Informatiounen : gd.lu/5H7HhM
Lex Delles a présenté le bilan 2024 des autorisations d'établissement et les résultats des études sur les habitudes de consommation et la fréquentation dans l'Horeca
En date du 21 juillet 2025, le ministre de l'Économie, des PME, de l'Énergie et du Tourisme, Lex Delles, accompagné de Théodore Biewer, Chief of Staff de Luxembourg Confederation et de Steve Martellin...
gd.lu
July 21, 2025 at 1:05 PM
Interessanten Austausch iwwert nohaltegen Tourismus 🌿 a grenziwwerschreidend Projete mam Gregor Freches, Minister fir Kultur, Tourismus, Sport a Medie vun der däitschsproocheger Communautéit an der Belsch 🇧🇪. Eis regional Verbonnenheet bitt e grousst Potenzial fir d'Zesummenaarbecht.
July 15, 2025 at 12:13 PM
🔋D‘Batterië sinn e Schlëssel zur Energietransitioun:
✅si stabiliséieren d'Stroumnetz⚡
✅erliichteren d'Integratioun vun erneierbaren Energien🌞🌬️
👉Eis Strategie setzt dofir op 20 Moossnamen📋, fir d'Batteriespäicherung méi séier an einfach an d'Stroumnetz z'integréieren.Déi ganz Strategie: gd.lu/cK53hn
July 9, 2025 at 1:22 PM
Inauguratioun vun der Tankstell zu Bierchem: D’Q8 huet d’Concessioune fir déi zwee Sitten gewonnen - eng vun de weltgréissten Autobunnstatiounen. Zanter eiser Ausschreiwung 2025 muss all nei Tankstell Solar-Panneauen op hiren Diecher opriichtena kann och Elektrobornen op der Tankstell installéieren.
July 8, 2025 at 12:24 PM
Entrevue mat Electra, ee vun de gréissten Operateure vu Schnellluede-Statiounen an Europa 🔌 Si wëllen bis 2030 insgesamt 15.000 Fastchargeren a Betrib huelen⚡️Och eis ass et en Uleies, d'Luetinfrastruktur sou ze gestalten, datt d'Fueren an d’Reese mam Elektroauto praktesch, séier a komfortabel ass.🔋
July 7, 2025 at 1:30 PM
Coconut Pets 🐶🐾a Social Cooling🧊💨: zwee jonk Entrepreneuren 👩‍💼👨‍💼, déi de Wirtschaftsministère beim Lancement vun hirem Betrib mat der Aide à la primo-création finanziell begleet huet 🤝. Haut stinn hir Betriber op zolitte Féiss an entwéckelen sech weider 📈.
July 2, 2025 at 1:54 PM
#Pressekonferenz #Bilan #Aideregimmer
Dem Ministère ass et wichteg, déi néideg Outilen zur Verfügung ze stellen, fir eis Betriber z’ënnerstëtzen. Eis Fërderinstrumenter ëmfaassen ë.a. finanziell Hëllefen fir:
- RDI,
- Grënnung vun neie Betriber,
- ekologesch, energeetesch an digital Transitioun,
July 2, 2025 at 9:47 AM
Eis Betriber brauche gutt ausgebilte Leit. Mam Claude Meisch hate mir d’Geleeënheet d'Aarbecht vum Centre national de formation professionnelle continue besser kennenzeléieren. Hei gëtt vun der Coiffeur-Formatioun bis zur Elektrikerausbildung alles gebueden, fir d'Leit op d’Beruffswelt virzebereeden
July 1, 2025 at 7:48 AM
Haut goufen dräi wichteg Gesetzesprojete an der Chambre des Députés gestëmmt: ✅ Neien Aideregime am Industriesecteur fir Betriber, déi vu Gas op Elektresch wiesselen⚙️⚡️✅ Finanzéierungsgesetz fir 🇪🇺 Kooperatioune bei erneierbaren Energien ✅ Finanzéierung vum KI-Supercomputer an der AI Factory
June 25, 2025 at 3:24 PM
Ugefaange mat engem Patent fir Wäscheklamere viru 46 Joer, ass Tontarelli haut zu engem féierenden Hiersteller fir Haushaltsproduiten aus Konschtstoff ginn. Op der Betribsvisitt zu Bascharage huet Tontarelli eis hir Produite gewisen, déi zu 50% aus recyceltem Plastik bestinn.
June 24, 2025 at 3:18 PM
Wat ass eng Smart City? Eng Gemeng oder Stad, déi digital Technologien notzt, fir d'Liewensqualitéit vun de Bierger ze verbesseren, zB. intelligent Luuchten. Mam Emweltministère hu mir en Appel à projets lancéiert fir Gemengen a Syndikater bei hire Smart City Projeten z’ënnerstëtzen. gd.lu/26mPBS
June 24, 2025 at 12:14 PM
Éischte Grondsteen zu Beetebuerg geluecht : Vodafone baut säin europäesche Logistikzenter zu Lëtzebuerg a beweist domat säi Vertrauen an d’Innovatiounskraaft an d’Stabilitéit vun eiser Wirtschaft. Dëst Gebai kombinéiert wirtschaftlech Entwécklung an Ëmweltverantwortung.
June 18, 2025 at 2:50 PM